Hären · Preparatioun 26/27
D'Häre leeën d'Basis fir déi nei Saison
D'Pläng fir déi kommend Saison sinn nach net ganz ofgeschloss, mee d'Preparatioun leeft schonn: Bis den 12. August trainéieren eis Häre mat Lafunitéiten am Park, an ab dem 14. August geet et an der Hal um Krounebierg weider. Mat Ausdauer, Teamgeescht a Fokus leeë si elo d'Basis fir d'Saison 2026/2027. 💛💙
🏃 Bis 12.08. · Park
🤾 Ab 14.08. · Krounebierg
💛💙 Preparatioun