Cover
Logo
Inhalt
Logo

Wat dech erwaart

WëllkommSäit 3
Perséinleche Bréif vum President
StartSäit 4
Deng éischt Schrëtt, Umeldung & Kaddo
Kontakt & TrainingSäit 5
Kontaktpersounen, Trainer & Zäiten
Eis DNASäit 6
Wäerter & S.T.A.A.R.K.
MateneeSäit 7
Deng Roll am Team & Kommunikatioun
Digital & OnlineSäit 8
Websäit & Tools erkläert
OrganisatiounSäit 9
Memberschaft, Kleedung & Sécherheet
EngagementSäit 10
Éierenamtlech Hëllef
WichtegesSäit 11
Highlights, FAQ & Downloads
Logo
Wëllkomm
Logo

1. Wëllkomm beim Mersch75 Handball Club!

Wëllkomm an der Mersch75-Famill! Mir freeën eis vill, dass du dech dozou entschloss hues, Deel vun eiser Gemeinschaft ze ginn an eis mat dengem Asaz ze ënnerstëtzen.

Dës Wëllkomm-Mapp soll dir den Ufank erliichteren an dir e séieren Iwwerbléck iwwer all Wichteges ginn – vun den Trainingszäiten bis bei deng Méiglechkeeten, dech am Veräin aktiv anzebréngen.

Wann s du Froen hues, mell dech roueg zu all Moment bei eis. Mir freeën eis op dech!

1. Perséinleche Wëllkommsbréif

Léiwe Member,

mir freeën eis immens, dass du vun elo un beim Mersch75 Handball Club dobäi bass! Mat dëser Mapp wëlle mir dir de Start méi einfach maachen a weisen, wat eise Veräin esou speziell mécht.

Dës Wëllkomm-Mapp ass däi Begleeder fir déi nächst Wochen – si enthält all wichteg Informatiounen zu Trainingszäiten, Kontakter, Reegelen an de ville Méiglechkeeten, wéi s du dech aktiv bedeelege kanns.

Mir sinn e jonken, dynamesche Handballveräin, dee vill Wäert op Zesummenhalt, Fair-Play a géigesäiteg Ënnerstëtzung leet. Egal ob als aktive Spiller, engagéiert Elteren oder als Hëllef am Hannergrond – all Bäitrag zielt!

Wëllkomm an der Mersch75-Famill!

Mat sportleche Gréiss,
Jeff Schuster
President Mersch75 Handball Club

Jeff Schuster
Logo
Start
Logo

2. Däin éischte Schrëtt

Eise Veräin kenneléieren:

  • Lies dës Wëllkomm-Mapp a Rou a komplett duerch.
  • Späicher dir déi wichtegst Kontakter an dengem Handy.
  • Trëtt eise WhatsApp-Gruppen bäi (Link kritt s du vum Trainer).
  • Besich eis Websäit: www.mersch75.lu
  • Folleg eis op: Facebook (@mersch75) & Instagram (@hbmersch75).

Umeldung a Lizenz:

Memberschaft: D’Umeldung leeft iwwer eis Websäit – klick am ieweschte Menü op d’Ikon „Join Us“.

Éischt Lizenz: De Link fir d’Lizenz fënns du och am Beräich „Join Us“ ganz ënnen. Dëse Formulaire muss zousätzlech zu eisem Veräins-Formulaire ausgefëllt ginn.

Trainingszäite fannen:

D’Trainingszäite vun denger Altersklass fënns du op der Websäit – klick am Menü op d’Ikon „Training“. Do gesäis du deng Equipe, d’Trainer an déi genee Zäiten.

Wëllkomm-Geschenk:

Als Wëllkomm-Geschenk kriss du:

  • dës Wëllkomm-Mapp
  • eng praktesch Sportstäsch, e Kuerf / Rucksak fir deng Ausrüstung
Logo
Kontakt & Training
Logo

3. Kontaktinformatiounen

Funktioun Numm Email / Tel
President Jeff Schuster info@mersch75.lu
288 00 399
Jugendkoordinatioun Max Blanc max.blanc@mersch75.lu
661 406 836
Allgemeng info@mersch75.lu

Wichteg ze wëssen:

Fir Froen zur Umeldung: jugend@mersch75.lu.

4. Trainingszäiten an Trainer

All aktuell Trainingszäiten fënns du zu all Moment op eiser Websäit ënner „Training“.

  • deng Equipe an d’Altersklass
  • Trainingsdag an Auerzäit
  • Numm vun dengem Trainer an den Trainingsort
Logo
Eis DNA
Logo

5. Eis Wäerter: S.T.A.A.R.K.

STAARK
Wäert Wat en fir eis bedeit
SolidaritéitMir halen zesummen a loosse kee eleng stoen.
ToleranzVerschidde Mënschen a Charaktere maachen eis Equipe méi räich.
AkzeptanzAll Mënsch däerf sou sinn, wéi en ass, a gëtt esou ugeholl.
AneschtMir schätzen deng eegen Iddien an de perséinleche Stil vun all Teamkolleeg.
RespektMir ginn ënnerernee fair a mat Wäertschätzung ëm.
KommunikatiounMir schwätzen zesummen, lauschteren a fannen zesumm Léisungen.

Fair-Play an e staarke Teamgeescht si fir eis selbstverständlech!

Logo
Liewe Mateneen
Logo

6. Deng Roll am Team

E Veräin lieft vu senge Memberen. Egal ob um Feld als Spiller, op der Tribün als Fan oder hannert de Kulisse als Hëllef: Däi Bäitrag ass wichteg.

Du bass Deel vu Mersch75 – a mir si frou, dass du dobäi bass.

7. Kommunikatioun

Eng gutt Kommunikatioun ass dat A an O an engem Veräin. Mir informéiere dech regelméisseg iwwert:

  • WhatsApp-Gruppen: fir séier Infoen an denger Equipe.
  • Newsletter: fir wichteg Neiegkeeten.
  • Websäit & Social Medie: fir alles, wat ronderëm de Club geschitt.
Logo
DIGITAL & ONLINE
Logo

8. Klick dech eran: Eis Websäit

💡 Interaktiven Tipp: Eis Websäit ass méi wéi nëmmen Text! Vill Grafike sinn interaktiv.

Menu
  • Mersch75-Logo: Home-Button
  • Training: Zäiten, Halen & Trainer
  • Matchkalenner: Matcher & Resultater
  • News: Artikelen & Updates
  • Join Us: Cotisatioun & Umeldung
  • Contact: direkte Kontakt
  • Inside: Comité, GT, Daggie, Statuten
  • Useful Links: Partner & Federatioun
  • Galerie: Fotoen & Berichter
Interaktive Ball
Klick zum Beispill am Ball op deng Equipe an da gëss du weidergeleet op d’FLH Websäit.
Footer Icons
Am Fouss gesäis du wichteg Ikonen: Websäit, Facebook, Instagram, YouTube, E-Mail.
Logo
Organisatioun
Logo

9. Memberschaft

Detailer zu Bäiträg an d’Formulairen fënns du ënner „Join Us“ op eiser Websäit.

10. Kleedung / Sponsor

Als Member kriss du exklusiv Remise (15 %) op Handball-Equipement bei eisem Partner:

PetersSports Sàrl

11. Sécherheet & Versécherung

Am Noutfall: 112. Däin Trainer kann Éischt Hëllef leeschten.

Versécherung: All Member ass bei Training an offizielle Matcher verséchert.

Logo
Engagement
Logo

12. Éierenamtlech Hëllef

Mersch75 lieft vun der Ënnerstëtzung. Deng Hëllef mécht eisen Veräin lieweg!

Kontaktéier de Max Blanc (jugend@mersch75.lu). All Hëllef zielt!

Iwwert d'„Inside“-Säit kanns du dech och als Helfer androen:

Fester & Events(GT Events)
Büro / Admin(GT Admin)
Schidsrichter(GT Sport)
Buvette(GT Events)
Technik(Kommunikatioun)
Material(Material)
Logo
Wichteges
Logo

13. Highlights am Joer

  • Events & Fester: Aktivitéiten an der Gemeng.
  • Fan-Trips: Touren op Matcher.
  • Sozialet: Ofschlossfest & Veräinsowenter.

14. FAQ – Training ofsoen

Wichteg fir d’Plangen!

Ruff däin Trainer perséinlech un (Telefon), wann s du net an den Training kanns kommen. Eng Noriicht eleng geet dacks ënner.

15. Formulairen & Downloads

Lizenz-Formulairë fënns du am Beräich „Join Us“. D’Statutë stinn ënner „Inside“.

Logo
Zum Schluss
Logo
Daggie links Daggie riets

Mersch75

Mir wënschen dir vill Spaass, sportlechen Erfolleg an eng verletzungsfräi Saison!

Schéin, dass du en Deel vun eiser Famill bass.