Zesumme Staark

ZESUMME STAARK – Eise Kompass

Wien mir sinn

Den Handball Club Mersch75 ass zënter 1975 eng fest Gréisst am Lëtzebuerger Sport. No enger beweegter Geschicht hu mir eis 2023 nei erfonnt: Mir setzen zu 100% op eis eege Jugend an eis lokal Identitéit.

Eis DNA: S.T.A.A.R.K.

Eist Motto ass Programm. Jidderee Buschtaf steet fir e Wäert, dee mir um Terrain an donieft liewen:

  • Solidaritéit – Ee fir all, all fir een.
  • Toleranz – Villfalt ass eis Stäerkt.
  • Akzeptanz – Jiddereen ass wëllkomm.
  • Anescht – Perséinlechkeet gëtt gefërdert.
  • Respekt – Fairplay ass Gesetz.
  • Kommunikatioun – Mir schwätze mateneen, net iwwereneen.

Eise Wee: Kuerz & Kompakt

1975: Grënnung duerch de Michel Goergen.
1978–1985: Déi éischt gëllen Ära an der héchster Divisioun.
2014: De groussen Opstig no 30 Joer Gedold an Opbauaarbecht.
2015–2023: D’Léierjoren. Versuch vum Erfolleg duerch deier Investitiounen an extern Spiller. Resultat: Sportlech Top (Axa-League), awer finanziell a mënschlech schwiereg.
Zënter 2023: Den Neistart. Strategesch Ëmorientéierung ewech vum Semi-Professionalismus, hin zu enger professioneller Jugendaarbecht.

Firwat Mersch75?

Well mir méi si wéi e Sportveräin. Mir sinn eng Erliewensschoul. Mir investéieren eis Ressourcen net an deier Transferte, mä an d’Ausbildung vun eise Kanner. Mat eisem Jugendkoordinator Max Blanc (Tel: 661 406 836) garantéiere mir Top-Training a perséinlech Betreiung.

Eist Zil: Nohaltegen Erfolleg mat Spiller aus eiser eegener Rei.

Deng Plaz: Ass bei eis – ob als Spiller, Fan oder Benevollen.

#ZesummeStaark #HBMersch75 #MatHäerzaSéil